Trainer fir nächst Saison gesicht
- FC Brouch
- vor 9 Stunden
- 1 Min. Lesezeit

De Comité huet decidéiert, fir déi nächst Saison en neien Trainerstaff op d’Been ze stellen.
Mir wëllen dem Lionel a Paulo e grousse Merci ausdrécken fir hiert Engagement an déi geleeschten Aarbecht beim FC Brouch. Bis zum Schluss vun der aktueller Saison wäerte si eis Equippen awer weiderhin encadréieren.
Gläichzäiteg si mir elo op der Sich no engem neien Trainerstaff fir den Encadrement vun eiser 1. an 2. Ekipp an der nächster Saison.



